1. Conception directive de la Reebou-Schoul
1.1 Notre Vision
1.2 Notre Mission
D’Reebou-Schoul ass eng Schoul:
Déi zesummen hält,
Mat där d’Kanner an hir Enseignanten sech identifizéieren,
An där d’Kanner an hir Enseignanten sech wuel fillen
An där d’Kanner an d’Enseignanten d’Gefill hunn,
eppes bewierken ze kënnen
1.2 Notre Mission
Mir als Léierinnen a Schoulmeeschtere schafen zesumme Strukturen an entwéckelen Approchen, déi et eis erlaben, d’Kanner do ofzehuele wou se sinn, an hinnen op dës Aart a Weis déi beschte Konditioune bidde fir ze léieren an sech wieder ze entwéckelen. Mir bleiwen eis dobäi ëmmer bewosst, wéi mir eisen Afloss fir d’Kanner am Beschte geltend maache kënnen.
Eis Kanner kréien an eiser Schoul eng zolidd Basis u Wëssen a Kompetenzen, fir gestäerkt hir schoulesch Karriäre weider ze féieren an hirt Liewen an d’Hand ze huelen.