Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen
Header Beetebuerger Schoulen

"KUEBI meets JUNA"

18.05.2021

An dësem Projet kënnt een ausgebilten pedagogeschen Begleedhond reegelméisseg an ons Schoul op Besuch.

Am Kader vun Empathiegruppen fënnt eng Sensibiliséierung a Fërderung vun de Sozialkompetenzen statt.

Kanner léieren iwwer den Schoulhond hir Eegewierksamkeet kennen, hiert Selbstvertraue gëtt gestäerkt an hir Kommunikatioun gëtt gefërdert.

Selbstverständlech sinn och d‘Anhaalen vun de Reegelen, souwéi Respekt virum Géigeniwwer an Disziplin ee wichtege Bestanddeel vun dësem Projet.

Fir dass dëse flotten Projet ka stattfannen, musse verschidden Hygiènes- an Sécherheetsmesuren agehale ginn, déi een am Konzept zum Projet noliesen kann.

Kontaktpersoun:                    
Poiré Sylvie, éducatrice, ESEB Dir rég. 08
Sylvie.poire@education.lu

 









» Zeréck