Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen
Header Beetebuerger Schoulen

Den Henri Losch an der Sonneschoul

20.03.2014

Den Elteregrupp vun der Sonneschoul organiséiert all Joer Liesunge fir d'Kanner aus deene verschiddene Cyclen. Dëst Joer sinn ënner anerem de Roland Meyer, de Gast Groeber an den Henri Losch bei eis an d'Schoul komm, fir hir Wierker virzestellen.

De Kanner aus dem Cycle 3 huet d'Liesung vum Henri Losch immens gutt gefall. Ganz gespaant hu si de Geschichten, déi rondrëm an iwwer d'Schoul gehandelt hunn, nogelauschtert. D'Kanner an d'Enseignanten aus der Sonneschoul soen den Auteuren an de Memberen vum Elteregrupp villmools Merci fir dës flott Initiativ.

Fotoen