Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen
Header Beetebuerger Schoulen

Liesowend an der Sonneschoul

20.01.2014

Zwou Woch no der Chrëchtvakanz huet de scho bal traditionelle Rendez-Vous an der Sonneschoul stattfonnt. Méi wéi 120 Kanner haten sech ugemellt, fir een Owend rondrem d'Liesen an d'Bicher ze verbréngen. Vum Cycle 1 bis zum Cycle 4 waren d'Kanner gespaant a si vum Sams héchstperséinlech an der Sonneschoul begréisst ginn.

D'Thema vum Owend war den Auteur Paul Maar aus Däitschland. Seng Geschichten a Wierker stuungen am Zentrum vum Liesowend. Der tätowierte Hund, Nippels Traum an awer och das kleine Känguru waren d'Geschichte vum Owend. Mat Ausschnëtter aus Filmer, mysteriösem Virilesen an engem klenge Verschlag an Aktivitäten, déi vun de Kanner selwer hu missen emgesat ginn, huet jiddereen de Paul Maar aus Däitschland besser kennegeléiert. Iwwerzeegt iech op de Fotoen vun enger flotter Atmosphär an der Sonneschoul an engem onvergiesslechen Owend fir d'Schüler an d'Enseignanten.

Fotoen