Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen
Header Beetebuerger Schoulen

Bichermaart an der Sonneschoul

19.03.2014

Mëttes an der Sonneschoul haten d'Kanner d'Geleeënheet, hir al Bicher ze verkafen. Scho säit 6 Joer organiséieren d'Enseignanten zesumme mam Elteregrupp dësen Nomëtten, fir Bicher déi gelies sinn un déi méi kleng Schüler weiderzeverkafen.

Den 19. Mäerz konnten d'Schülerinnen an d'Schüler hir al Bicher un d'Kollege weiderverkafen. Nom Opriichte vun hire Stänn ass ugefange gi mat handelen a feilschen. D'Bicher sinn ab 1€ verkaf ginn. Nieft de Bicher kënne säit dem leschte Joer och Spiller (keng Computerspiller) an Hörbicher verkaf ginn.

Fotoen vum Nometten