News
Goldmedaille fir de Cycle 4.1 aus der Sonneschoul
Kuerz virun der grousser Vakanz ass et dem Cycle 4.1 vun Näerzeng gelongen, déi gutt Leeschtung vum Schouljoer mat enger 1. Plaz am Concours "Maach mat(h)" ze kréinen. No der Qualifikatioun konnt d'Klass vum Ben Freis sech an der Finall géint déi aner Participanten duerchsetzen an den Diplom an d'Hall of Fame an der Sonneschoul ophänken.
Visite vun der Buerg Buerschent
Mam Zuch op Giewelsmillen, zu Fouss op d'Buerg durch Wissen a Bëscher, zu Fouss op Mëchela a mam Zuch nees heem. Daat war eng schéin a léierräich Sortie.
Visite vun der SES
De Cycle 4 aus der Sonneschoul ass sech ukucke gaangen, wouhier eist däglecht Waasser kënnt.
Cycle 4 on Tour - Philharmonie & Naturmusée
Andréck vun eisen 2 leschte Visiten am Joer 2017
Lost&Found Sonneschoul
D’Saache vun de Fotoen leien an der Schoul a kënnen net zougeuerdent ginn. Falls dat Äerem Kand gehéiert, kénnt der Iech bei engem vum Personal mellen:
Cycle 4 on tour - Visite vum "neien" Naturmusée
De Cycle 4.1 aus der Sonneschoul huet haut de nei opgebauten Naturmusée besicht, fir alles iwwert d'Lëtzebuerger Schichtstufen, d'Steng a Mineralien gewuer ze gin. Ausserdem hu mir och déi aaner Raimlechkeeten vun Naturmusée kuerz erfuerscht. E gelongene Mueren!
Cycle 4 on tour - Schëfflenger Planéitewee
De Cycle 4 aus der Sonneschoul ass haut mam Zuch op Schëffleng gefuer, fir do de Planéitewee ze erfuerschen. Mir hun bei schéinstem Hierschtwierder eise Sonnesystem kenne geléiert, Spiller gemeet, an en Abstecher an déi gro Minière war och nach dran.
Cycle 4 on tour - En Dag an der Stad
De Cycle 4 aus der Sonneschoul ass haut mam Zuch an d'Stad gefuer, fir de Concert "Reise in eine Neue Welt" ze genéissen. Nom Picknick an der Philharmonie si mir dunn zu Fouss duerch de Pafendall op de Bock getrëppelt, fir do d'Kasematten ze erfuerschen. Trotz dem liischte Reen ware mir all gudder Laun, wéi dir op de Fotoen kënnt gesin.
Colonie vum Cycle 3
Hei sinn all d'Informatiounen an d'Fotoe vun der Colonie zu Huelmes vum Cycle 3 aus der Sonneschoul ze fannen. FIr d'Fotoen ze kucken, muss de Login vum Site vun de Beetebuerger Schoulen benotzt ginn.
Zeie-Bericht aus dem KZ
Haut de Mëtten haten d'Klassen C4.2 aus der Gemeng Beetebuerg déi grouss Chance, engem Zeie-Bericht aus dem KZ vun engem Iwwerliewende vum Holocaust, dem Här Klestadt, dierfen nozelauschteren.
Während dësem informativen an emotionale Bericht goufen eis Schüler sech de Grausamkeete vum Drëtte Räich, déi och Lëtzebuerg an der Hand haten, bewosst. Den Här Klestadt huet androcksvoll vu séngen Erfahrungen erzielt an d'Schüler op eng hirem Alter entspriechend Art a Weis informéiert.
Während dësem informativen an emotionale Bericht goufen eis Schüler sech de Grausamkeete vum Drëtte Räich, déi och Lëtzebuerg an der Hand haten, bewosst. Den Här Klestadt huet androcksvoll vu séngen Erfahrungen erzielt an d'Schüler op eng hirem Alter entspriechend Art a Weis informéiert.