Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen
Header Beetebuerger Schoulen

News Archive

News



Burkina Faso

L’école et la Vie en Afrique
Publizéiert den 05.05.2018

Musée des Mines

Mir hunn e flotten Moien am Musée des Mines verbruecht.
Klass Garlinskas Marcelline/Anen Alexandra
Publizéiert den 28.04.2018

Colonie zu Lëlz Klass Belardi/Poultier & Asselborn/Spoden

Hei e puer Andréck aus der Colonie vu leschter Woch. Et war Super flott, an d'Sonn war all Dag um Programm. :-)
Publizéiert den 26.04.2018

SuperDrecksKëscht

Dëst Joer si mer an der Schoul am Duerf erem mam "Qualitéitslabel SuperDrecksKëscht" fir eng ekologesch Offallgestioun ausgezeechent ginn.
Publizéiert den 16.04.2018

Cycle 4 on Tour - Philharmonie & Naturmusée

Andréck vun eisen 2 leschte Visiten am Joer 2017
Publizéiert den 05.01.2018

Lost&Found Sonneschoul

D’Saache vun de Fotoen leien an der Schoul a kënnen net zougeuerdent ginn. Falls dat Äerem Kand gehéiert, kénnt der Iech bei engem vum Personal mellen:
Publizéiert den 26.10.2017

Cycle 4 on tour - Visite vum "neien" Naturmusée

De Cycle 4.1 aus der Sonneschoul huet haut de nei opgebauten Naturmusée besicht, fir alles iwwert d'Lëtzebuerger Schichtstufen, d'Steng a Mineralien gewuer ze gin. Ausserdem hu mir och déi aaner Raimlechkeeten vun Naturmusée kuerz erfuerscht. E gelongene Mueren!
Publizéiert den 20.10.2017

Cycle 4 on tour - Schëfflenger Planéitewee

De Cycle 4 aus der Sonneschoul ass haut mam Zuch op Schëffleng gefuer, fir do de Planéitewee ze erfuerschen. Mir hun bei schéinstem Hierschtwierder eise Sonnesystem kenne geléiert, Spiller gemeet, an en Abstecher an déi gro Minière war och nach dran.
Publizéiert den 17.10.2017

Cycle 4 on tour - En Dag an der Stad

De Cycle 4 aus der Sonneschoul ass haut mam Zuch an d'Stad gefuer, fir de Concert "Reise in eine Neue Welt" ze genéissen. Nom Picknick an der Philharmonie si mir dunn zu Fouss duerch de Pafendall op de Bock getrëppelt, fir do d'Kasematten ze erfuerschen. Trotz dem liischte Reen ware mir all gudder Laun, wéi dir op de Fotoen kënnt gesin.
Publizéiert den 02.10.2017

Schoulzeitung Online

Déi aktuell Schoulzeitung kann een sech ab elo och hei ob eisem Site unkucken.
Vill Spaass!
Publizéiert den 14.07.2017

Colonie vum Cycle 3

Hei sinn all d'Informatiounen an d'Fotoe vun der Colonie zu Huelmes vum Cycle 3 aus der Sonneschoul ze fannen. FIr d'Fotoen ze kucken, muss de Login vum Site vun de Beetebuerger Schoulen benotzt ginn.
Publizéiert den 29.05.2017

Zeie-Bericht aus dem KZ

Haut de Mëtten haten d'Klassen C4.2 aus der Gemeng Beetebuerg déi grouss Chance, engem Zeie-Bericht aus dem KZ vun engem Iwwerliewende vum Holocaust, dem Här Klestadt, dierfen nozelauschteren.
Während dësem informativen an emotionale Bericht goufen eis Schüler sech de Grausamkeete vum Drëtte Räich, déi och Lëtzebuerg an der Hand haten, bewosst. Den Här Klestadt huet androcksvoll vu séngen Erfahrungen erzielt an d'Schüler op eng hirem Alter entspriechend Art a Weis informéiert.
Publizéiert den 08.05.2017