News Archive
News
Schoulsportdag 2016 (nei Fotogallerie)
Den 31. Mee hat d'Sonneschoul säi Schoulsportdag zu Beetebuerg organiséiert. Zesumme mat de Vertrieder vum Elteregrupp an enger ganzer Partie fräiwëlleger, si flott an ongewéinlesch Ateliere fir déi verschidde Cyclen ugebuede ginn. Mountenbike, Jongléieren Hockey a Slackline sinn nemmen een Deel dervun. Jidderengem e grousse Merci fir deen naassen, an awer flotte Moien.
Die unendliche Geschichte von Joé
Erlebe die unendliche Geschichte von Joé Hansen aus der Sonnenschule. Alles dreht sich um Autos, die Schule und ... viele Überraschungen ...
Présentatioun vum Reliounsunterrecht am Cycle 3.2
Hallo, wir die Klasse 3.2 von Jeff Folscheid und Carlo Muller aus der Sonnenschule präsentieren unsere Arbeit der letzten Wochen im Religionsunterricht. Unser Thema war "Glück" und alles was dazu gehört. Welche Gedanken wir uns gemacht haben könnt ihr eich hier ansehen.
flotten Online-Internetführerschein
Op www.internet-abc.de ass een interessanten a flotten "Surfschein". Mat enger ganzer Partie kanns du vill iwwer d'Sécherheet an d'Reegele vum Internet léieren. Hues du genuch Froe richteg beäntwert, dann hues du der däin eege Führerschein fir d'Online-Welt verdéngt.
Buchtipp: zur der aktueller Flüchtlingskris
E Buch iwwert d'Flüchtlingskris an eng gudd Méiglechkeet, d'Thematik an der Klass a mat Kanner opzegreifen. D'Buch geet immens déif an ass immens flott illustréiert.
Akim rennt vum Claude K. Dubois aus dem Moritz-Verlag.
ISBN: 978-3895652684
Akim rennt vum Claude K. Dubois aus dem Moritz-Verlag.
ISBN: 978-3895652684
D'Sonneschoul gëtt vermooss
Am Cycle 2 ass d'Sonneschoul vermooss ginn. Mat all méiglechen Meteren an Hëllefen hun d'Schülerinnen an d'Schüler déi verschidde Längten ermëttelt. Hei e puer Andréck vun hierer Aarbecht.
+ COURS DE NATATION +++ SCHWAMMKUEREN +
+++
D'Schwammkuere gi fir de Moment net ofgehalen. Weider Informatiounen vum Enseignant.
+++
Les cours de natation sont suspendus pour le moment. Plus d'informations par le titulaire de classe.
Les cours de natation sont suspendus pour le moment. Plus d'informations par le titulaire de classe.
Assemblée des parents d’élèves
Gëschter Owend war d’Wiel vun den Elterevertrieder vun der Reebou-Schoul. Mir hate 6 Kandidature virleien. Dei uwiesend Elteren (eng 20 Stéck) hunn décidéiert, dass keng Wiel bräicht statt ze fannen an dass déi 6 Kandidaten sollten als Elterevertrieder ernannt ginn. Hei d’Lëscht vun eisen Elterevertrieder:
M. José Batista
Mme Amélie Rodesch-Becker (Vertriederin an der Schoulkommissioun)
Mme Evelyne Garson
Mme Raymonde Gerson
Mme Claire Schmitz-Rodesch
Mme Nadine Scheid-Wagener
M. José Batista
Mme Amélie Rodesch-Becker (Vertriederin an der Schoulkommissioun)
Mme Evelyne Garson
Mme Raymonde Gerson
Mme Claire Schmitz-Rodesch
Mme Nadine Scheid-Wagener
De Cycle 4 am Keltenhaus
E ganze Méindeg huet de Ycle 4 aus der Sonneschoul an der Steenzäit verbruecht. Zesumme mat engem echte Steenzäitmënsch si mir vill gewuer ginn iwwer d'Liewen an d'Juegd, hu selwer mam Bou a mam Speer geschoss an hu gesinn, wéi d'Häiser deemols ausgesinn hunn. Zesumme mat eisem Steenzäitguide hu mer souguer eng Zopp gekacht wéi deemols...