Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen
Header Beetebuerger Schoulen

News

Schoulfest an der Sonneschoul

Den 2. Leschten Schouldag war an der Sonneschoul Schoulfest mam Motto „Schong“. Moies bis Mëttes goufen et 23 verschidden Atelieren fir d’Kanner z.B. Schung-memory, Schung-ping-pong oder Schung baken. Fir d’Iessen an d'Gedrénks hat d'Elterevereenegung natierlech och dëst Joer gesuergt. Et goufen Wraps an gutt Spiessecher an als Dessert frëscht Uebst. Am Nomëtten war dunn d’Talentshow mat 14 Optrëtter. Eis kleng Talenter hunn z.B. Flütt gespillt, Zaubertricker gewisen oder gedanzt. Dono ass den Owend zesummen mat den Eltren gemittlech auskléngen gelooss ginn.

Weider Andréck sinn an der Fotosgallerie ze gesinn.

Publizéiert den 14.07.2015

Brevet sportif

D'Beetebuerger Schoulen hunn de Brevet sportif dëst Joer zu Diddeleng organiséiert. Op engem fräie Schoulmëtteg haten d'Kanner aus dem Cycle 4.2 d'Méiglechkeet, hir sportlesch Fähegkeeten ze beweisen an sech unzestrengen, eng Medail fir hir Leeschtung ze kréien.
Publizéiert den 29.06.2015

Schoulsportdag

Den 8. Juni ass de Schoulsportdag vun der Sonneschoul zu Beetebuerg bei der Sportshal. Divers Sportarte ginn ausprobéiert an als Highlight gëtt fir d'Kanner erem e Spendemarathon organiséiert. E grousse Merci un den Elteregrupp fir déi flott Ennerstétzung.
Publizéiert den 08.06.2015

Colonie vum Cycle 3 aus der Sonneschoul

Publizéiert den 04.06.2015

Beruffswoch an der Sonneschoul

An der Woch virun der Vakanz war Beruffswoch an der Sonneschoul. Eng ganz Partie Elteren a Kollegen hunn hir Beruffer virgestallt oder deen op der Plaz presentéiert. D'Schülerinnen an d'Schüler ware bei de Schreiner, op de Radio, an de Staatslabo. Si kruten och méi aussergewéinlesch Beruffer wéi Buchbënner a Militärpilot virgestallt.
Publizéiert den 21.05.2015

Päerdsatelier

Fir Kanner aus dem Cycle 1 ass dëst Schouljoer de Päerdsatelier ugelaf. Am zweeten Trimester ware Kanner aus der Schoul am Duerf an aus der Sonneschoul zesummen am Stall. Am drëtten Trimester ass e Grupp vu Kanner aus der Reebouschoul bei de Päerd.
Publizéiert den 29.06.2014

Den Henri Losch an der Sonneschoul

Den Elteregrupp vun der Sonneschoul organiséiert all Joer Liesunge fir d'Kanner aus deene verschiddene Cyclen. Dëst Joer sinn ënner anerem de Roland Meyer, de Gast Groeber an den Henri Losch bei eis an d'Schoul komm, fir hir Wierker virzestellen.
Publizéiert den 20.03.2014

Bichermaart an der Sonneschoul

Mëttes an der Sonneschoul haten d'Kanner d'Geleeënheet, hir al Bicher ze verkafen. Scho säit 6 Joer organiséieren d'Enseignanten zesumme mam Elteregrupp dësen Nomëtten, fir Bicher déi gelies sinn un déi méi kleng Schüler weiderzeverkafen.
Publizéiert den 19.03.2014

Gewalt an der Schoul

Am Kader vun der Eltereschoul Janusz Korczak war den 3. Februar 2014 e Virtrag an der Reebouschoul mam Thema Gewalt an der Schoul - Kanner ënner Kanner
Publizéiert den 13.02.2014

Liesowend an der Sonneschoul

Zwou Woch no der Chrëchtvakanz huet de scho bal traditionelle Rendez-Vous an der Sonneschoul stattfonnt. Méi wéi 120 Kanner haten sech ugemellt, fir een Owend rondrem d'Liesen an d'Bicher ze verbréngen. Vum Cycle 1 bis zum Cycle 4 waren d'Kanner gespaant a si vum Sams héchstperséinlech an der Sonneschoul begréisst ginn.
Publizéiert den 20.01.2014

Sonneschoul Beien
Charta Poster