Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen
Header Beetebuerger Schoulen

News

Zeie-Bericht aus dem KZ

Haut de Mëtten haten d'Klassen C4.2 aus der Gemeng Beetebuerg déi grouss Chance, engem Zeie-Bericht aus dem KZ vun engem Iwwerliewende vum Holocaust, dem Här Klestadt, dierfen nozelauschteren.
Während dësem informativen an emotionale Bericht goufen eis Schüler sech de Grausamkeete vum Drëtte Räich, déi och Lëtzebuerg an der Hand haten, bewosst. Den Här Klestadt huet androcksvoll vu séngen Erfahrungen erzielt an d'Schüler op eng hirem Alter entspriechend Art a Weis informéiert.
Publizéiert den 08.05.2017

Nous racontons l'histoire du petit lion


Wann Dir eis Geschichten wëllt lauschteren a soss nach sou gesinn, wat mir alles maachen, da gitt einfach op eis Klassesäit c.3.1 Marcelline Garlinskas kucken.
Publizéiert den 16.12.2016

Fruit for School

Och dëst Joer maachen eis Schoule rem beim Projet Fruit for School mat. All Woch kréie mir Uebst geliwwert, dat an de Klasse verdeelt gëtt.
Kalenner an Informatiounen:
Publizéiert den 14.11.2016

Europäesch Länner

D'Schüler aus de Klasse Steichen a Waringo/Loos schwätzen an der "Sciences" iwwert Europa. Hei stellen d'Kanner verschidden europäesch Länner vir.
Publizéiert den 27.10.2016

Déieren aus dem Bësch

D'Schüler aus dem Cycle 3.1 (Klass Garlinskas) stellen an der "Sciences" d'Déieren aus dem Bësch vir.
Publizéiert den 20.10.2016

Köln 2016 (Dag 3) update

Mir hu lo d'Grenz zu Wasserbillig passéiert.

Waerte fir 18:40h zeréck sinn...:)

Bis geschwënn
Publizéiert den 11.07.2016

C.4.2 Countdown virun der grousser Vakanz

Indianer, Mandalas, Amiavy an bei schéinem Wieder nach e Schachtournoi.
Muar gesi mir eis all um Schoulsportdag a Schoulfest, éier mir eis Valise fir op Köln paken.
Publizéiert den 06.07.2016

Foire Agricole

E Freiden den 1. Juli waren d'Kanner aus de Klassen Hoesdorff, Backes a Reckinger op d'Foire Agricole op Ettelbréck. Si konnten Déieren heemelen, Iesse schmaachen an hunn dem RTL erzielt wéi gutt "Fair" Mëllech ass!

Reportage Foire Agricole - RTL.lu 
Publizéiert den 05.07.2016

Reebou-Schoulzaitung Online 15/16

Déi aktuell Ausgab ass nach amgaang gedréckt ze ginn. Déi flott Aarbechten vun den Schüler fënnt een awer schonn um Site.

Iwwert dësen Link geet et am schnellsten dohin:
Reebou-Schoul Schoulzeitung
Publizéiert den 30.06.2016

Schoul am Duerf am Kino

E Méinden, de 27. Juni waren déi aktuell Filmer vu Kuebi Productions am Kino "Le Paris" zu Beetebuerg ze gesinn. Eis Interpretatiounen vum Ehrich Ohser sénge "Vater und Sohn" Geschichte si bei de Schüler, den Elteren an och den Eieregäscht - der Mme Josée Lorsché, dem Här Guy Arendt, dem Här Laurent Zeimet an dem Här Gusty Graas - gutt ukomm an hu fir vill Laache gesuergt.
Niewent de Wierker vun dësem Joer hu mir och d'Filmer vum läschte Schouljoer gewisen, déi um internationale Concours "créajeune" mat Präiser ausgezeechent goufen. Déi Jonker, déi un dëse Filmer matgewierkt hunn, kruten en Diplom an eng kleng Iwwerraschung iwwerreecht - speziell fir dësen Owend haten och eis fréier Schüler de Wee an de Kino fonnt.
Publizéiert den 27.06.2016

Vater und Sohn erwachen zum Leben (Neue Folge!!!)

Kuebi Productions präsentiert die diesjährigen Filme des Workshops "Videoarbeit mit Kindern" der Schoul am Duerf. Thema dieses Schuljahr war die filmische Umsetzung der textlosen Geschichten des Zeichners Erich Ohser.

An jedem der folgenden Termine ist ein neuer Kurzfilm online ... und dies immer nur während zwei Tagen.

Vater und Sohn erwachen zum Leben ...

am Mittwoch, den 1.6.16 / Freitag, den 3.6.16

am Montag, den 6.6.16 / Mittwoch, den 8.6.16 / Freitag, den 10.6.16

am Montag, den 13.6.16 / Mittwoch, den 15.6.16 / Freitag, den 17.6.16

am Montag, den 20.6.16 / Mittwoch, den 22.6.16 / Freitag, den 24.6.1
Publizéiert den 17.06.2016

Die unendliche Geschichte von Joé

Erlebe die unendliche Geschichte von Joé Hansen aus der Sonnenschule. Alles dreht sich um Autos, die Schule und ... viele Überraschungen ...
Publizéiert den 10.06.2016

Charta Poster
Charta Poster
Charta Poster