News
flotten Online-Internetführerschein
Op www.internet-abc.de ass een interessanten a flotten "Surfschein". Mat enger ganzer Partie kanns du vill iwwer d'Sécherheet an d'Reegele vum Internet léieren. Hues du genuch Froe richteg beäntwert, dann hues du der däin eege Führerschein fir d'Online-Welt verdéngt.
![]()
![]()
Buchtipp: zur der aktueller Flüchtlingskris
E Buch iwwert d'Flüchtlingskris an eng gudd Méiglechkeet, d'Thematik an der Klass a mat Kanner opzegreifen. D'Buch geet immens déif an ass immens flott illustréiert.
Akim rennt vum Claude K. Dubois aus dem Moritz-Verlag.
ISBN: 978-3895652684
Akim rennt vum Claude K. Dubois aus dem Moritz-Verlag.
ISBN: 978-3895652684
![]()
![]()
Assemblée des parents d’élèves
Gëschter Owend war d’Wiel vun den Elterevertrieder vun der Reebou-Schoul. Mir hate 6 Kandidature virleien. Dei uwiesend Elteren (eng 20 Stéck) hunn décidéiert, dass keng Wiel bräicht statt ze fannen an dass déi 6 Kandidaten sollten als Elterevertrieder ernannt ginn. Hei d’Lëscht vun eisen Elterevertrieder:
M. José Batista
Mme Amélie Rodesch-Becker (Vertriederin an der Schoulkommissioun)
Mme Evelyne Garson
Mme Raymonde Gerson
Mme Claire Schmitz-Rodesch
Mme Nadine Scheid-Wagener
M. José Batista
Mme Amélie Rodesch-Becker (Vertriederin an der Schoulkommissioun)
Mme Evelyne Garson
Mme Raymonde Gerson
Mme Claire Schmitz-Rodesch
Mme Nadine Scheid-Wagener
![]()
![]()
Summerfest
Mir soen Merci fir en schéint Summerfest matt flotten Optrëtter vun eisen Kanner an engem engagéierten Publikum!


![]()
![]()
Schoulzeitung Reebouschoul Online Versioun
Déi komplett Versioun vun der Schoulzeitung 2014 als PDF.
![]()
![]()
Päerdsatelier
Fir Kanner aus dem Cycle 1 ass dëst Schouljoer de Päerdsatelier ugelaf. Am zweeten Trimester ware Kanner aus der Schoul am Duerf an aus der Sonneschoul zesummen am Stall. Am drëtten Trimester ass e Grupp vu Kanner aus der Reebouschoul bei de Päerd.
![]()
![]()
Ballon fléie virun der Reebou-Schoul
De Moien an aller Fréi, huet den C3 aus der Reebou-Schoul d'Chance gehat zwee Ballonen am Kader vun eisem desjährege Schoulthema "4 Elementer" opzeriichten. Nodeems all d'Kanner emol gestart an och erem ganz gelant waren, ware se dach begeeschtert wat ee mat Feier a Loft alles esou maache kann. Op dësem Wee e grousse Merci un all déi wou de Wecker gestallt haten an dat erméiglecht hunn, virun allem awer de Ballonisten, déi sech Zäit geholl an d'Material gestallt hunn.
![]()
![]()

