News Archive
News
Online-Wiel: Logo fir d'Elterevertrieder
D'Elterevertrieder vun der Reebou-Schoul brauchen en Logo.
D'Kanner aus der Schoul hunn hinnen ënnert d'Äerm gegraff an e puer ganz flott Biller gemoolt. Elo geet et drëms sech tëscht deenen villen Konschtwierker ze entscheeden an seng Stëmm zu engem vun den Virschléi ze ofginn.
Mat engem Klick op folgenden Link komm dir zur Ofstëmmung:
Logo Elterevertrieder
D'Kanner aus der Schoul hunn hinnen ënnert d'Äerm gegraff an e puer ganz flott Biller gemoolt. Elo geet et drëms sech tëscht deenen villen Konschtwierker ze entscheeden an seng Stëmm zu engem vun den Virschléi ze ofginn.
Mat engem Klick op folgenden Link komm dir zur Ofstëmmung:
Logo Elterevertrieder
![]()
![]()
Informatiounen zu den neien Bilanen
Informatiounen zu den neien Bilanen vum Cycle 2.1, 3.1 an 4.1 gëtt et um Site vum Ministère ënnert dem Link: bilans.men.lu
Hei fënnt een en Erklärungsvideo an d'Bilanen als pdf.
Hei fënnt een en Erklärungsvideo an d'Bilanen als pdf.
![]()
![]()
Visite Naturmusée & Festungsmusée
Den Cycle 4.2 aus der Sonneschoul huet op dësem Freideg zwee Museen an d'Staat besicht. Moies hu mir am Naturmusée geléiert, virwat "Ouni Waasser kee Liewen" méiglech ass, a mëttes hu mer déi spannend Festungsgeschicht vu Lëtzebuerg erforscht. Och déi aktuell Ausstellung zum Pont Adolphe konnte mir eis mat Freed ukucken, och wann et eis leider net erlaabt war, Fotoen dovunner ze maachen.
![]()
![]()
Fruit for School
Och dëst Joer maachen eis Schoule rem beim Projet Fruit for School mat. All Woch kréie mir Uebst geliwwert, dat an de Klasse verdeelt gëtt.
Kalenner an Informatiounen:
Kalenner an Informatiounen:
![]()
![]()
Visite Militärmusée
De Cycle 4 aus der Sonneschoul huet de Militärmusée zu Dikkrech besicht. Zesumme mat Geschichtsproffen konnten original Utensilien aus dem 2. Weltkrich ausprobéiert ginn an d'Auswierkungen zu Lëtzebuerg duergestallt ginn. Ganz interessant ass och d'Austellung vu Gefierer a Panzer aus der deemoleger Zäit
![]()
![]()
De Minett virun der Hausdiir
Zu Schëffleng, e stramme Foussmarsch vun eiser Schoul ewesch, ass fréier Eisenäerz ofgebaut ginn. D'Steng, déi zréckbliwwe sinn kënnen eis als Zäitzeie vu vergaangene Jorhonnerten déngen, a sou huet de Cycle 4 sech op d'Sich no Fossilie gemaach. Mat Hummer a Meessel hunn déi jonk Fuerscher an d'Steng eragekuckt a konnte flott Fossilien a Spueren aus der Vergaangenheet fannen.
![]()
![]()
Den Hierscht erliewen
An der Natur weist den Hierscht sech vu senger faarwegster Säit. An der Sonneschoul hunn déi gréisst an déi klengst Schülerinnen a Schüler vun der Geleegenheet profitéiert, fir Biller mat de Produiten aus der Natur hirzestellen. Jidder Schüler aus dem Cycle 4 huet mat sengem Pätterchen aus dem Cycle 1 säi Bild vum Hierscht gemolt. An der Billergallerie si flott Beispiller.
![]()
![]()
Europäesch Länner
D'Schüler aus de Klasse Steichen a Waringo/Loos schwätzen an der "Sciences" iwwert Europa. Hei stellen d'Kanner verschidden europäesch Länner vir.
![]()
![]()
Déieren aus dem Bësch
D'Schüler aus dem Cycle 3.1 (Klass Garlinskas) stellen an der "Sciences" d'Déieren aus dem Bësch vir.
![]()
![]()
Reebou-Schoul Summerfest 2016
D'Fotoen vum Summerfest sinn och elo um Site ze fannen.
Merci un jidereen deen dobäi war, fir en flott Fest :)
Merci un jidereen deen dobäi war, fir en flott Fest :)
![]()
![]()