Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen
Header Beetebuerger Schoulen

Colonie Iechternach

12.07.2022

Haut de Moien ass d'Klass Backes/Rohmann/Reckinger fir zwou Nuechten an d'Colonie op Iechternach gefuer.

Vun 10-12 si mer geklotert. Nom Mëttegiesse konnte mer eis am Iechternacher Séi ofkillen. Pedalo a Stand-up Paddle hu vill Spaass gemat!
Mir sinn Trampolin gesprongen an hu Beachvolleyball gespillt. Elo raschte mer e bëssen a waarden op de Barbecue. (Biller an der Galerie)

Um Mëttwoch Moien hu mer Geocaching ronderem de Séi gemat. De Mëtteg wärte mer eng Fotorallye duerch Iechternach maachen.