Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen
Header Beetebuerger Schoulen

News

Cycle 4 on tour - En Dag an der Stad

De Cycle 4 aus der Sonneschoul ass haut mam Zuch an d'Stad gefuer, fir de Concert "Reise in eine Neue Welt" ze genéissen. Nom Picknick an der Philharmonie si mir dunn zu Fouss duerch de Pafendall op de Bock getrëppelt, fir do d'Kasematten ze erfuerschen. Trotz dem liischte Reen ware mir all gudder Laun, wéi dir op de Fotoen kënnt gesin.
Publizéiert den 02.10.2017

Colonie vum Cycle 3

Hei sinn all d'Informatiounen an d'Fotoe vun der Colonie zu Huelmes vum Cycle 3 aus der Sonneschoul ze fannen. FIr d'Fotoen ze kucken, muss de Login vum Site vun de Beetebuerger Schoulen benotzt ginn.
Publizéiert den 29.05.2017

Zeie-Bericht aus dem KZ

Haut de Mëtten haten d'Klassen C4.2 aus der Gemeng Beetebuerg déi grouss Chance, engem Zeie-Bericht aus dem KZ vun engem Iwwerliewende vum Holocaust, dem Här Klestadt, dierfen nozelauschteren.
Während dësem informativen an emotionale Bericht goufen eis Schüler sech de Grausamkeete vum Drëtte Räich, déi och Lëtzebuerg an der Hand haten, bewosst. Den Här Klestadt huet androcksvoll vu séngen Erfahrungen erzielt an d'Schüler op eng hirem Alter entspriechend Art a Weis informéiert.
Publizéiert den 08.05.2017

Animani - Handtheater

Zesumme mam IMC huet de Cycle 4 aus der Sonneschoul en Theaterstéck mat Hänn gespillt. Loosst iech iweerraschen...
Publizéiert den 31.01.2017

Klassebuch vum Cycle 2

De Cycle 2 huet e Klassebuch erstallt. Mam richtege Passwuert kënne d'Kanner aus dem Cycle 2 hier Saache kucken
Publizéiert den 02.12.2016

Visite Naturmusée & Festungsmusée

Den Cycle 4.2 aus der Sonneschoul huet op dësem Freideg zwee Museen an d'Staat besicht. Moies hu mir am Naturmusée geléiert, virwat "Ouni Waasser kee Liewen" méiglech ass, a mëttes hu mer déi spannend Festungsgeschicht vu Lëtzebuerg erforscht. Och déi aktuell Ausstellung zum Pont Adolphe konnte mir eis mat Freed ukucken, och wann et eis leider net erlaabt war, Fotoen dovunner ze maachen.
Publizéiert den 16.11.2016

Fruit for School

Och dëst Joer maachen eis Schoule rem beim Projet Fruit for School mat. All Woch kréie mir Uebst geliwwert, dat an de Klasse verdeelt gëtt.
Kalenner an Informatiounen:
Publizéiert den 14.11.2016

Visite Militärmusée

De Cycle 4 aus der Sonneschoul huet de Militärmusée zu Dikkrech besicht. Zesumme mat Geschichtsproffen konnten original Utensilien aus dem 2. Weltkrich ausprobéiert ginn an d'Auswierkungen zu Lëtzebuerg duergestallt ginn. Ganz interessant ass och d'Austellung vu Gefierer a Panzer aus der deemoleger Zäit
Publizéiert den 29.10.2016

De Minett virun der Hausdiir

Zu Schëffleng, e stramme Foussmarsch vun eiser Schoul ewesch, ass fréier Eisenäerz ofgebaut ginn. D'Steng, déi zréckbliwwe sinn kënnen eis als Zäitzeie vu vergaangene Jorhonnerten déngen, a sou huet de Cycle 4 sech op d'Sich no Fossilie gemaach. Mat Hummer a Meessel hunn déi jonk Fuerscher an d'Steng eragekuckt a konnte flott Fossilien a Spueren aus der Vergaangenheet fannen.
Publizéiert den 29.10.2016

Den Hierscht erliewen

An der Natur weist den Hierscht sech vu senger faarwegster Säit. An der Sonneschoul hunn déi gréisst an déi klengst Schülerinnen a Schüler vun der Geleegenheet profitéiert, fir Biller mat de Produiten aus der Natur hirzestellen. Jidder Schüler aus dem Cycle 4 huet mat sengem Pätterchen aus dem Cycle 1 säi Bild vum Hierscht gemolt. An der Billergallerie si flott Beispiller.
Publizéiert den 29.10.2016

Reebou-Schoul Summerfest 2016

D'Fotoen vum Summerfest sinn och elo um Site ze fannen.
Merci un jidereen deen dobäi war, fir en flott Fest :)
Publizéiert den 15.07.2016

Reebou-Schoulzaitung Online 15/16

Déi aktuell Ausgab ass nach amgaang gedréckt ze ginn. Déi flott Aarbechten vun den Schüler fënnt een awer schonn um Site.

Iwwert dësen Link geet et am schnellsten dohin:
Reebou-Schoul Schoulzeitung
Publizéiert den 30.06.2016

Sonneschoul Beien
Charta Poster