Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen
Header Beetebuerger Schoulen

News

Die unendliche Geschichte von Joé

Erlebe die unendliche Geschichte von Joé Hansen aus der Sonnenschule. Alles dreht sich um Autos, die Schule und ... viele Überraschungen ...
Publizéiert den 10.06.2016

flotten Online-Internetführerschein

Op www.internet-abc.de ass een interessanten a flotten "Surfschein". Mat enger ganzer Partie kanns du vill iwwer d'Sécherheet an d'Reegele vum Internet léieren. Hues du genuch Froe richteg beäntwert, dann hues du der däin eege Führerschein fir d'Online-Welt verdéngt.
Publizéiert den 26.05.2016

Buchtipp: zur der aktueller Flüchtlingskris

E Buch iwwert d'Flüchtlingskris an eng gudd Méiglechkeet, d'Thematik an der Klass a mat Kanner opzegreifen. D'Buch geet immens déif an ass immens flott illustréiert.

Akim rennt vum Claude K. Dubois aus dem Moritz-Verlag.
ISBN: 978-3895652684
Publizéiert den 03.12.2015

Assemblée des parents d’élèves

Gëschter Owend war d’Wiel vun den Elterevertrieder vun der Reebou-Schoul. Mir hate 6 Kandidature virleien. Dei uwiesend Elteren (eng 20 Stéck) hunn décidéiert, dass keng Wiel bräicht statt ze fannen an dass déi 6 Kandidaten sollten als Elterevertrieder ernannt ginn. Hei d’Lëscht vun eisen Elterevertrieder:
M. José Batista
Mme Amélie Rodesch-Becker (Vertriederin an der Schoulkommissioun)
Mme Evelyne Garson
Mme Raymonde Gerson
Mme Claire Schmitz-Rodesch
Mme Nadine Scheid-Wagener
Publizéiert den 27.10.2015

Summerfest

Mir soen Merci fir en schéint Summerfest matt flotten Optrëtter vun eisen Kanner an engem engagéierten Publikum!

Summerfest RBS.jpg
Publizéiert den 11.07.2015

RBS Sportsdag 2015: Läuft!

Publizéiert den 04.06.2015

Schoulzeitung Reebouschoul Online Versioun

Déi komplett Versioun vun der Schoulzeitung 2014 als PDF.
Publizéiert den 11.07.2014

Päerdsatelier

Fir Kanner aus dem Cycle 1 ass dëst Schouljoer de Päerdsatelier ugelaf. Am zweeten Trimester ware Kanner aus der Schoul am Duerf an aus der Sonneschoul zesummen am Stall. Am drëtten Trimester ass e Grupp vu Kanner aus der Reebouschoul bei de Päerd.
Publizéiert den 29.06.2014

Ballon fléie virun der Reebou-Schoul

De Moien an aller Fréi, huet den C3 aus der Reebou-Schoul d'Chance gehat zwee Ballonen am Kader vun eisem desjährege Schoulthema "4 Elementer" opzeriichten. Nodeems all d'Kanner emol gestart an och erem ganz gelant waren, ware se dach begeeschtert wat ee mat Feier a Loft alles esou maache kann. Op dësem Wee e grousse Merci un all déi wou de Wecker gestallt haten an dat erméiglecht hunn, virun allem awer de Ballonisten, déi sech Zäit geholl an d'Material gestallt hunn.
Publizéiert den 02.04.2014

Gewalt an der Schoul

Am Kader vun der Eltereschoul Janusz Korczak war den 3. Februar 2014 e Virtrag an der Reebouschoul mam Thema Gewalt an der Schoul - Kanner ënner Kanner
Publizéiert den 13.02.2014

Reebou-Zeitung